Create Your First Project
Start adding your projects to your portfolio. Click on "Manage Projects" to get started
ZOWAASCH
Spilldaten
Première den 12.10.2022 zu Lasauvage
En Theater-Trëppeltour op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséich
Duerch dat klengt verschlofent Duerf vu Lasauvage féiert dësen interaktiven Trëppeltour a léist Iech dës Uertschaft mat hirer Geschicht a wuel bekanntster Awunnerin nei entdecken: der Zowaasch! D’Seech vun der wëller Fra vu Lasauvage ass uechtert d’ganzt Land bekannt a faszinéiert zënter Joerhonnerten d’Awunner aus der Regioun. Mee wie war si iwwerhaapt? An engem performative Parcours gi mir zesumme mat Iech op eng Rees duerch Zäit a Raum a blécken zeréck bis op d’Urspréng vun dëser spannender a geheimnisvoller Geschicht, déi den Dall bis haut präägt.
Och zu Lasauvage sinn déi verschidden Etappe vum Stéck mat vill Suerg gewielt, eng vun de leschten Zeenen an der zum Bistro ëmgewandelter Poppespënnchen funktionéiert net just zeenographesch immens gutt. Och geléngt et de Schauspiller ënnert der Leedung vun der Daliah Kentges hirer intelligenter Regie meeschtens, mat Iwwerzeegung vun enger Roll an déi aner ze glëtschen (…). Jeff Schinker – Tageblatt 14.10.2022
Text - Antoine Pohu, Cosimo Suglia, Maxime Weber
Mam Gianfranco Celestino, Mara Daro, Mady Durrer, Luc Lamesch, Elena Spautz, Ole Schöne
Regie - Daliah Kentges
Assistenz an Theaterpedagogie - Laetitia Lang
Bünebild a Kostüm - Sophie Meyer
Musek - Luka Tonnar
Poppespill - Pit Vinandy
Technik - Amplitude, Sven Streitz
Projets-Leedeung - Mirka Costanzi
Artistesch Leedung - Tammy Reichling
Produktion - MASKéNADA
Am Kader vun Esch2022 European Capital of Culture







