Create Your First Project
Start adding your projects to your portfolio. Click on "Manage Projects" to get started
DRÄI SCHWËSTEREN
Spilldaten
Première den 23.04.2019 am Kasemattentheater
Reprise am November 2019 am Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Op Lëtzebuergesch
Dem Anton Chekhov säi Stéck Dräi Schwësteren zielt d’Geschicht vun de Geschwëster Prosorow, d’Olga, d’Irina an d’Mascha, déi vun engem bessere Liewen dreemen, mee et net fäerdeg bréngen, sech selwer aus hirer Onloscht a Liewensmiddegkeet erauszerappen.
D’Adaptatioun, déi de Ian De Toffoli vun den 3 Schwëstere mécht, gräift dës Thematik op a projezéiert se op eng haiteg Generatioun vu verwinnten, embourgeoiséierten, naïv guttmënschlechen, lethargeschen a schlussendlech onerfëllte Millenials, déi, duerch hiert „Waarden op eppes Besseres“ an duerch hire Wonsch no Selbstverwierklechung, ouni awer ze wëssen wéi dës Verwierklechung soll ausgesinn, paralyséiert sinn. D’Spezifizitéit vun dëser Adaptatioun, ass net nëmmen, datt se op Lëtzebuergesch ass (et ass also och deelweis eng Iwwersetzung) an och zu Lëtzebuerg spillt, mee och datt se mat just dräi Personnagen auskënnt, an zwar dem Olga, dem Irina an dem Mascha, ëm déi sech déi ganz problematesch Familljesituatioun dréint.
„Regisseurin Daliah Kentges hat die Handlung komprimiert und gnadenlos ins Jetzt gezogen. Einige ausgefallene Regieideen schaffen eine hohe Ästhetik (…).“ Anina Valle Thiele, Tageblatt vom 26.04.2019
Text nom Anton Chekhov an enger fräier Beaarbechtung vum Ian De Toffoli
Spill - Elisabet Johannesdottir, Anouk Wagener, Lis Dostert
Regie - Daliah Kentges
Dramaturgie - Sarah Rock
Eng Koproduktion vum Kasemattentheater mat dem Kinneksbond Mamer
Fotoen ©T. Queiroga







